Um Samschdeg stoung bei den Dammen a bei den Hären de 6. Spilldag um Programm.

Häre-Basket

Um 18.30 Auer stoung den Duell tëscht dem Racing an Diddeleng um Programm. An der éischter Hallschent war et eng ganz enk Partie an de Racing ass mat engem 2-Punkten Avantage an d'Paus gaangen. Den drëtte Véierel konnt Diddeleng dunn awer mat 31:13 fir sech entscheeden a sech däitlech ofsetzen. Dësen Avantage hu se sech dann och net méi huele gelooss a gewanne mat 92:68.

AUDIO: De Vincent Sunnen (T71)

Bei der Partie tëscht Walfer an Esch, war Esch permanent vir a konnten sech ëmmer nees ofsëtzen mee Walfer huet se net zéien gelooss an se sinn ëmmer nees bis op puer Punkten erukomm. An der zweeter Halschent huet sech dann och net méi vill geännert an Esch konnt seng Féierung souguer nach ausbauen. Um Enn gewënnt Esch dann och mat 85:74.

D'Amicale Steesel hat dann guer keng Problemer géint Hiefenech a gewënnt ganz däitlech mat 118:55. Eraus gestach bei Steesel huet den Shavon Anthony Coleman mat 28 Punkten an 23 Rebounds.

Tëscht de Musel Pikes a Contern war et eng enk Partie an der éischter Halschent an där sech Conter awer ëmmer en Avantage gehalen huet. Souwuel am éischte Véierel wéi och am zweete Véierel konnten déi Conter méi Punkte markéieren a sinn esou mat engem 7-Punkten Avantage an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel sinn d'Musel Pikes nees erukomm, mee déi Conter konnten hire Virsprong awer ëmmer bäibehalen a gewanne schlussendlech dann awer bëssen iwwerraschend mat 82:79.

AUDIO: De Christophe Donnersbach (Pikes)

Déi Ettelbrécker hunn an der éischter Halschent ganz gutt mateneen harmonéiert a konnte sech géint Bartreng esou och däitlech an der éischter Halschent ofsëtzen an zwar mat 12 Punkten. Am drëtte Véierel konnt d'Sparta nees puer Punkten ophuelen, mee am leschte Véierel hunn déi Ettelbrécker den Tempo nees eng Kéier ugezunn a gewannen dann awer däitlech mat 93:68.

AUDIO: De Philippe Gutenkauf (Etzella)
AUDIO: De Philippe Arendt (Sparta)

Mam Alex Laurent an dem Thomas Grün waren och zwee Lëtzebuerger am Ausland mat hiren Equippen am Asaz.

An der Nationale 2 wënnt d'Fiels den Topmatch zu Hesper kloer mat 96 op 76, BC Mess iwwerrennt Munneref mat 115 op 89,
Kordall Steelers wannen den Derby géint Zolwer mat 103 op 91, Käerjeng klappt Schieren mat 76:57 an Miersch wënnt doheem den éischten Match vun der Saison géint de Gréngewald mat 96 op 85.

Damme-Basket

Bei den Damme gewënnt d'Residence Walfer géint de Basket Esch mat 89:80, wou d'Spillerin vun der Residence, Alli Monique Gloyd, mat 39 Punkte geglänzt huet. D'Musel Pikes kënne sech mat 76:61 géint Contern behaapten. Steesel gewënnt däitlech mat 85:59 géint de Gréngewald. Ausserdeem verléiert d'Sparta doheem mat 59:80 géint d'Etzella. An den Telstar Hesper verléiert mat 55:81 géint den T71 Diddeleng.