Um Sonndeg war an allen Divisiounen de leschte Spilldag.

An der Éierepromotioun waren d'US Esch a Rodange jo scho sécher opgestigen. Um Sonndeg huet Hueschtert sech déi drëtt Plaz geséchert a spillt domat de Relegatiounsmatch géint Kanech aus der BGL Ligue.

Beggen a Biissen mussen de Wee an déi éischt Divisioun untrieden. Monnerech a Gréiwemaacher mussen an d'Relegatioun hei spillen se géint déi Tabellenzweet aus béide Bezierker aus der 1. Divisioun.

An der 1. Divisioun, 1. Bezierk huet Ierpeldeng um leschte Spilldag nach Lëntgen iwwerholl a spillt domat d'nächst Saison an der Éierepromotioun, Lëntgen gëtt nom 1:1 um Sonndeg déi zweet a muss an d'Relegatioun.
Schieren a Walfer falen an d'zweet Divisioun an de Préizerdall muss an d'Relegatioun.

Impressioune vum Match Miedernach géint Ierpeldeng:

An der 1. Divisioun, 2. Bezierk steigt d'Millebaach dominant op. D'Union Keel / Téiteng spillt de Relegatiounsmatch.
Mënsbech an Izeg spillen d'nächst Joer an der zweeter Divisioun. Union Réimech Bus muss hei an d'Relegatioun.

An der 2. Divisioun, 1. Bezierk steige Stengefort a Béiwen direkt op, Wëntger spillt d'Relegatioun.
Bruch a Klierf duerfen an déi drëtt Divisioun spille goen. Ëlwen huet nach d'Chance duerch d'Relegatioun d'Klass ze halen.

An der 2. Divisioun, 2. Bezierk steigen Uespelt a Biwer op. AS Lëtzebuerg Porto spillt de Relegatiounsmatch.
Iechternach a Schuller spillen d'nächst Joer an der drëtter Divisioun. CS Uewerkuer muss hei an d'Relegatioun.

An der 3. Divisioun, 1. Bezierk konnte Reisduerf an Harel-Tarchamps sech eng Plaz an der zweeter Divisioun sécheren. Heischent muss an de Relegatiounsmatch.

An der 3. Divisioun, 2. Bezierk waren den CEBRA a Käerch déi Stäerkst. Lasauvage muss an de Relegatiounsmatch.