Den Event Photomeetings ass e wichtege Rendez-vous am Joer, wou Themen aus der Photographie kënnen traitéiert an diskutéiert ginn.

D'Galerie Clairefontaine organiséiert d'Photomeetings all Joer a bei dëser 14. Editioun stinn d’Fraen am Mëttelpunkt vun der Diskussioun a vun der Konscht.

D'Photomeetings stinn dëst Joer ganz am Zeeche vun de Fraen. 4 Fotokënschtlerinne stinn hei am Fokus mat hiren ënnerschiddlechen Aarbechten an Approchen. Alleguer hu se hir eege fotografesch Sprooch, ma eppes hu se awer gemeinsam: de Kampf fir Gerechtegkeet a Verännerung. Duerch d'A vun der Lëns an duerch d'A vun der Fra kann een hei an déi verschidde Wierker andauchen.

Déi Spuenesch Fotografin Isabel Muñoz beschäftegt sech haaptsächlech mam mënschleche Kierper a setzt deen ëmmer erëm an Zeen. Niewent hiren Ënnerwaasserfotoen, huet si am Kader vun engem Workshop, hir Serie iwwert d’Fraen am Kongo presentéiert. E Land, wou d’Frae keng Rechter hunn an ëmmer erëm schlëmm mëssbraucht ginn. Fir si war dat eng ganz intensiv Erfarung, déi mat vill Sensibilitéit erzielt gëtt.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg

Och am Espace 2 vun der Galerie Clairefontaine stinn Theme ronderëm d’Fra am Mëttelpunkt, wéi zum Beispill beim Ada Trillo. Si huet d'Situatioun vun de Prostituéierten a Mexico portraitéiert. Doniewent kann een nach d'Wierker vum Liza Ambrossio an Gisèle Freund entdecken. Table Ronden an d'Workshopen vun de Photomeetings sinn eriwwer, ma d’Ausstellung kann een awer nach bis den 20. Oktober kucke goen.