Eng App als Geschierkëscht fir Scouten

D’Scoute vun der FNEL sinn houfreg, dëse Mount, hir FNEL APP ze lancéieren.

Och wann d’Iddi, fir Contenu an Tools fir d’Scouten aus allen Altersbranchen als App zur Verfügung ze stelle, scho mi laang an de Käpp geschwieft ass, huet d’Onëmgänglechkeet vun der Digitalisatioun di leschte Méint sécher derzou bäigedroen, dass dëse Projet realiséiert gouf.
Eng App ersetzt natierlech kee mënschleche Kontakt an och keng Scoutsaktivitéit mee et ass e Complement, eng Handwierkskëscht mat deem verschiddenste Geschier: vu Rezepter, Morse-Code Decoder, techneschen Uleedunge fir Kniet a Konstruktiounen, Geschichten an natierlech allen Informatiounen iwwert d’Wäerter an d’Aktivitéite vun deene verschidde Scoutsbranchen a Gruppen.

D’FNEL APP vun elo u gratis fir Android an iOS an de jeeweilege Stores erofzelueden.