Losch Lëtzebuerg geet de Wee Richtung Motorsport an huet sech mat Black Falcon e staarke Partner mat an d'Boot geholl, grad ewéi e Lëtzebuerger Pilot.

E klengen Teaser gouf et schonn de 15. Mäerz, wéi Losch Lëtzebuerg wësse gedoen huet, dass een e Kontrakt mam Rennstall "Black Falcon" ënnerschriwwen huet. Am Hannergrond op der Foto war dann och e Porsche GT3 ze erkennen.

Deen Ament konnt ee just spekuléieren, a wéi eng Richtung dat Engagement am Motorsport wäert goen. D'Press ass dunn den 21. Mäerz an de Porschezenter op de Rouscht invitéiert ginn, fir weider Detailer gewuer ze ginn.

Nieft dem CEO vu Losch Lëtzebuerg, dem Thierry Beffort, war dann ënnert anerem och den Alexander Böhm, Patron vu Black Falcon op der Pressekonferenz, fir de Projet virzestellen.

RTL

© Andy Brücker

Black Falcon ass en extrem erfollegräicht Team, dat hiren Haaptsëtz direkt um Nürburgring huet. Sou goufen et e sëllege Klassevictoiren a Rennserien uechter d'Welt, grad ewéi och Gesamtvictoirë am Porsche Carrera Cup, bei de 24-Stonne-Courssen zu Dubai oder och bei de legendäre 24 Stonnen um Nürburgring.

Black Falcon um Nürburgring - Direkt vis-à-vis vun der Döttinger Höhe

Een Auto, deen an der Saison 2024 agesat gëtt, ass e fuschneie Porsche 911 GT3 Cup (992), dëst dann a Kollaboratioun mat "48 LOSCH Motorsport". Agesat gëtt den Auto an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring (PETN), dëst am Kader vun der Nürburgring Langstrecken Serie (NLS).

Et bleift awer net just dobäi, dass mat Losch e Lëtzebuerger Team an der NLS deelhëlt, ma och bei de Piloten ass e Lëtzebuerger an de Projet agebonnen. Hei ass de Choix op de Steve Jans gefall, deen zanter 2012 am Motorsport aktiv ass, an um Ufank vu senger Karriär och fir Black Falcon gefuer ass. Fir hien ass et deemno wéi "heem kommen", wéi en eis am Interview gesot huet.

RTL

© Andy Brücker

De Steve Jans huet allerdéngs seng Pläng fir d'Saison 2024 mussen änneren, well eigentlech hat hie schonn en Engagement mat GetSpeed Performance. Wéi dunn awer d'Offer komm ass, fir bei Black Falcon ze fueren, dëst a Kollaboratioun mat Losch Lëtzebuerg, an dann och nach um Nürburgring, do war d'Entscheedung séier getraff. Nieft der Zousécherung vun engem laangjärege Projet, huet de 35 Joer jonke Lëtzebuerger dann och net verheemlecht, dass et berufflech fir hie méi einfach ass, d'Courssen um Nürburgring am Kalenner ënnerzekréien, well d'Weeër méi kuerz sinn a manner laang Reese musse mat ageplangt ginn. Déi lescht Saison ass de Steve Jans ënnert anerem an der International GT Open op engem Mercedes AMG-GT3 gefuer, wou Courssen a Portugal, der Belsch, Spuenien, Italien, Ungarn a Frankräich um Programm stoungen.

RTL

© Andy Brücker

Den Auto deelt de Steve Jans sech mat zwee däitsche Piloten. Et sinn dat de Profi Tobias Müller, deen an der CUP-Klass aktuell zu de Séiersten um Nürburgring zielt. Déi lescht Saison konnt hien a 6 Courssen an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring 4 mol op de Podium fueren an huet och eng Course gewonnen, 2 mol ass en d'Pole Position erausgefuer a 4 mol goung déi séierst Ronn op säi Konto.

Als drëtte Pilot ass dann den Noah Nagelsdiek (23) virgestallt ginn, deen déi lescht Saison scho mam Cup-Porsche um Podium stoung vun der Cup 2 Pro-Wäertung bei de 24h Nürburgring. Den Auto ass him deemno méi wéi bekannt.

RTL

© Andy Brücker

Fir déi dräi dauert et dann och net laang, bis et seriö gëtt. Schonn de Weekend vum 6. a 7. Abrëll geet et lass mat direkt engem sougenannten "Double Header", wou op engem Weekend zwou Coursse gefuer ginn an der NLS.

Den nächste Rendez-vous ass da schonn direkt déi Woch dono mat den ADAC 24h Nürburgring Qualifiers, éier dann Enn Mee, Ufank Juni déi legendär 24h Nürburgring um Programm stinn, wat sécherlech den Highlight vun der Saison dierft sinn. Duerno kommen dann nach emol 4 Courssen an der NLS, mam Ofschloss Mëtt November.

RTL

© Andy Brücker

NLS-Kalender 2024

06.04.2024                         NLS1: 64. ADAC ACAS Cup

07.04.2024                         NLS2: 63. ADAC Reinoldus-Langstreckenrennen

13.+14.04.2024                  ADAC 24h Nürburgring Qualifiers

30.05. 2024 – 02.06.2024     24h Rennen Nürburgring

22.06.2024                         NLS3: 69. ADAC Westfalenfahrt

03.08.2024                         NLS4: 6h ADAC Ruhr-Pokal-Rennen

19.10.2024                         NLS5: 55. Adenauer ADAC Rundstrecken-Trophy

16.11.2024                         NLS6: 56. ADAC Barbarossapreis

Engagement fir méi Nohaltegkeet

Nieft der Ukënnegung vum Asaz an der NLS mat engem Porsche 911 GT3 Cup, gouf dann awer och e Partenariat vu "Losch Lëtzebuerg" mat "Four Motors" bekannt ginn. De Patron Thomas von Löwis engagéiert sech schonn zanter 2003 fir méi Nohaltegkeet am Motorsport.

RTL

© Andy Brücker

Ugefaangen huet et mat Biodiesel an engem VW New Beetle tëscht 2003 an 2005. Spéider gouf op E20-Sprit gesat, dat zum Beispill an hire Porsche Cayman GT4, respektiv Porsche 911 GT3 Cup. Ma d'Nohaltegkeet limitéiert sech net just op de Sprit. Och bei den Ueleger gëtt op recycléiert Produite gesat. Domat awer net genuch... och bei der Karosserie huet de von Löwis grousst Potential fir méi nohaltege Motorsport gesinn an hei Baudeeler entwéckelt, déi net aus Carbon gebaut ginn, ma aus Naturfaser. D'Material huet natierlech e vill besseren CO2-Footprint wéi Carbon, ass dobäi genee sou liicht a steif, ass awer méi bëlleg an der Produktioun an zersplittert net esou wéi Carbon, am Fall vun engem Accident.

RTL

© Andy Brücker

Fir an dësem Sënn d'Entwécklung nach weider ze dreiwen, schafft "Four Motors" an Zukunft och nach méi enk mat "Black Falcon" zesummen. Black Falcon këmmert sech vun dëser Saison un ëm den Asaz vun den Autoe vu Four Motors. Zesumme wëlle si kucken, wéi een onofhängeg vun den agesaten Autoen an de Courssen, och de ganze Beräich ronderëm méi ëmweltbewosst an nohalteg gestalte kann.

Bei Black Falcon z.B. setzt een am Wierk zu Meuspath schonn op en Heizsystem mat Äerdwäermt, grad ewéi Solarenergie. Aktuell géif een Zenarien ausschaffen, wéi een de gemeinsamen Optrëtt nach méi ëmweltfrëndlech gestalte kéint, esou den Thomas von Löwis. Laangfristeg schafft een drun, fir z.B. déi Naturfaser-Karosseriedeeler och an der Grouss-Serie kënnen am Motorsport anzesetzen. Do ass Black Falcon dann e wichtege Partner.

RTL

© Andy Brücker

Losch Lëtzebuerg a Four Motors géifen déi selwecht Wäerter deelen an déi selwecht Visioun. Esou koum dann och déi Kollaboratioun mat dem Lëtzebuerger Partner zustanen, an et géif ee sech drop freeën, fir déi gemeinsam Ziler a Saachen Nohaltegkeet ze erreechen, esou den Thomas von Löwis.

Déi dräi agesaten Autoe fir d'Saison 2024 wäerten deemno och Losch als Partner mat dropstoen hunn. Ee Pilot, dee vill Leit wuel kennen, dee scho jorelaang op den Autoe vum Thomas von Löwis fiert, ass de SMUDO, vun de "Fantastischen Vier".

Den Numm Losch ass deemno vun dëser Saison u staark vertrueden um Nürburgring. Nieft dem Auto mat der Startnummer 148, op deem de Steve Jans, Tobias Müller an den Noah Nagelsdiek fueren, dann och nach op den 3 Autoe vu "Four Motors".
Den éischten offizielle Rendez-vous ass wéi gesot de Weekend vum 6.-7. Abrëll um Nürburgring, dat am Kader vun den zwou éischte Courssen an der NLS-Saison 2024.

RTL

© Andy Brücker