Et ass déi éischt Kéier, dass déi fräischaffend Kënschtlerin an hire Mann, den Architekt François Valentiny, zesummen ausstellen.

D'Koppel, déi sech 1980 bestuet huet, wunnt schonn iwwer 30 Joer zu Rëmerschen an engem Haus, deem et u Léift, Kreativitéit a Faarf net feelt. Sou heescht et am Katalog, deen déi gemeinsam Ausstellung vum Edith Burggraff a François Valentiny presentéiert.

Obschonns si allen Zwee a kreativen Domainen ënnerwee sinn - d'Edith Burggraff schafft zanter den 1980er Joren als fräischaffend Kënschtlerin mat Fokus op Molerei an Holzskulpturen, an de François Valentiny huet sech als Architekt eng Reputatioun zu Lëtzebuerg a Wien opgebaut - ass dat heiten déi éischt Kéier, dass si eng Ausstellung zesummen organiséieren.

D'Expo ass eng Retrospektiv vun hirer Karriär vun de leschten 10 Joer, gëtt awer och een Abléck an hiert Privatliewen, sief et duerch Allusiounen zu Concerten, op deene si waren, Reesen, déi si gemaach hunn, oder Leit, déi hiert Liewe markéiert hunn. "D'Ausstellung weist och hire bedéngungslosen Drang ze kreéieren", heescht et weider. Gewise gëtt eng Mëschung aus Molerei a Skulpturen. Begleet ginn d'Wierker vun Erklärungen, déi hir Duechter, Anna Valentiny, geschriwwen huet.

RTL

"Et ass mir eng grouss Éier, dass meng Elteren haut fir d'éischt Kéier zesummen ausstellen - dat, en plus am Ëmbau vun der aler Schoul vu Rëmerschen, déi mäi Papp an den 1950er Joren an ech an den 1990er Jore besicht hunn, an, dass ech als Duechter, Partnerin vum Büro 'Valentiny hvp Architects' an Editeur vum Ausstellungskatalog en Deel vum kënschtleresche Parcours vu mengen Elteren dierft kommentéieren a kuratéieren", sou d'Anna Valentiny.

D'Ausstellung kann een nach bis den 21. Abrëll zu Rëmersche gesinn. Den Erléis vun der Ausstellung kënnt der "Valentiny Foundation" zegutt. Méi Informatioune ginn et hei.