Dës Plaze sinn dem Artikel 107 vum Code de la Route no fir Elektroautoen oder Hybridautoe reservéiert. Ma och déi musse sech un extra Reegelen halen.

Esou dierfen dës Parkplazen, wa se dann och extra mat engem Schëld gekennzeechent sinn, just vun Autoe genotzt ginn, déi och d'Luetstatioun ugeschloss sinn. Dat heescht, datt och en Elektro- oder Hybridauto, deen do steet, awer net amgaangen ass, ze lueden, u sech als Falschparker ugesi gëtt.

Wéi et op Nofro vun der Police heescht, kann all Won, deen op enger Parkplaz fir en Elektroauto steet an net all d'Critèren erfëllt, mat engem Avertissement taxé vun 24 Euro* bestrooft ginn, well d'Parkverbuet net respektéiert gouf.

Den Extrait aus dem Code de la Route:

"Le modèle 5a (...) indique que le signal "stationnement interdit" n'est pas applicable aux:
[...] -véhicules automoteurs électriques et véhicules automoteurs électriques hybrides raccordés au point de recharge; [...]"

*An enger éischter Versioun stoung et géif een e Protokoll vun 49 Euro kréien, et sinn der 24.