Haut huet praktesch jiddereen säin eegenen Auto, Motor oder Vëlo mat deem en sech vun A op B deplacéiert. An Zukunft soll de System änneren.

D'Transportmëttel vun de Leit sollen an Zukunft nämlech gemeinsam benotzt ginn. D'Mobilitéit ass e groussen a wichtege Pilier an der Etude vum Jeremy Rifkin zur drëtter industrieller Revolutioun.
Den Tram, d'Elektroautoen, Car-sharing a -pooling si Projeten déi an hire Startlächer stinn. Mä an 10 bis 15 Joer gesäit et méiglecherweis nach ganz anescht aus.

Et soll net méi ëm de Besetz vun der Mobilitéit goen, mä ëm de Gebrauch dovun. An Zukunft sollen d'Gefierer dann och vum selwe fueren, komplett autonom dirigéiert ginn, sou de Christian Scharff, President vun der Asbl Inspiring More Sustainabilty, kuerz IMS. Zum Beispill kann dann eng Persoun en Auto bestellen, dëse fiert d'Persoun da sichen. Eventuell kann dann och nach eng aner Persoun aus der Noperschaft matgeholl ginn, well béid Persounen net wäit vun enee fort schaffen. Den Auto fiert dee Moment komplett automatiséiert.

D'Iddi vum Deele soll grouss geschriwwe ginn. Déi verschidden Transportmëttel vun de Leit ginn ëmmer nëmme fir e puer Stonnen den Dag oder d'Woch genotzt. Dat soll sech an Zukunft änneren. Da soll jiddereen op d'Transportmëttele vun anere Leit kënnen zeréck gräifen, sou de Christian Scharff.

An da spillt och d'Connectioun tëscht de verschiddenen Transportméiglechkeeten eng grouss Roll. D'ass een dann zum Beispill mat sengem gelounte Vëlo ënnerwee et léist een dee beim Arrêt vum Tram stoen an et fiert ee mat dësem op de Kierchbierg, wou d'Aarbechtsplaz ass.

Fir dohin ze kommen, muss sech natierlech nach vill doen. Beispillsweis muss um Niveau vun der Technologie nach vill geschéien. De Moment huet bei der Telefonie nach 4G, do muss een awer bei 5G respektiv 6G kommen. Et mussen awer och intelligent Reseauen opgebaut ginn.

A Punkto Infrastrukturen an och an der Innovatioun an der Kreatioun muss nach ganz vill geschéien, mä vill Saache wiere scho prett a missten elo entwéckelt ginn, fir datt an 20 Joer de komplette System funktionéiere kann.