E Mëttwochmëtten krute sech géint 16.30 Auer am Agank vu Palzem, kuerz hannert der Grenz, 2 Ween vu Lëtzebuerg frontal ze paken.

Am Ganze goufe 5 Leit blesséiert, dorënner 1 Kand.

Déi lokal Police hat am Ufank vun 2 blesséierte Kanner geschwat. Wéi sech awer spéider erausgestallt huet, gouf vun den 2 Kanner just e 4 Joer aalt Kand verwonnt.

Wéi et zum Accident koum, ass den Ament net gewosst. De Materialschued ass héich. Déi 6 Persoune koumen an e Spidol.

Op der Plaz war de Rettungshelikopter vun der Air Rescue, sou wéi e puer Ambulanzen an d'Police.

D'B419 zu Palzem war fir ronn eng Stonn a béid Direktioune fir den Trafic gespaart.

Accident och e Mëttwoch den Owend géint 21.45 Auer tëscht Lëppscht an Houschent. Een Auto war um Bord vun der Strooss verongléckt. Dem 112 no gouf eng Persoun verwonnt.